Blog

21/01/2018 - Mool rem eppes neies

Endlech gëtt et erëm eppes neits. Leschten Zäit war leider net immens vill Zäit iwwreg bliwwen fir mäin Hobby, mee dat wäert sech deemnächst erëm bëssen aneren. Et war wierklech net vill Zäit fir neits oder aner Saachen weider ze maachen. mee et kennt geschwënn alles anescht.

20/12/2017 - Foto Voting

Et gëtt un engem Foto - Voting geschafft. Den wäert och deemnächst online gesat. dann sinn mer mol gespaant wat dobäi wäert erauskommen. Falls en Iddien huet kann en sech gären weider mellen ënner Kontakt. Merci fir matmaachen :-)

 

19/12/2017 - nei Biller an Zeit fir Verännerung

Gudden Owend. Dann waren mer mol an der Stad ënnerwee fir deen schéinen Chrëschtmaart an vum Tram festzehalen. Puer Biller vun dem Owend fann der ënnert Lëtzebuerg Stad. An engems gouf mol d'Iwwersiicht vun den Fotoen geännert. Hoffen dat kennt besser un an bitt eng besser Iwwersiicht.

01/12/2017 - Verbesserung

en klengen neien update zu der Homepage well puer Saachen net richteg funktionéiert hunn an aner Saachen verbessert ginn sinn. Dobäi ass o endlech den Link zum Instagram Account komm.

25/11/2017 - Update vun gras.lu

wei villäicht den en oder aner schonn gemierkt, gëtt alles vun Foto.gras.lu ob gras.lu ëmgestallt. Den gréissten Grond dofir ass well et méi einfach ass Saachen online ze stellen an Verwaltung vum Server. An engems ass Websäit erëm bëssen geupdate ginn an hoffen se ass och mei iwwersichtlech. Mat den Fotoen gëtt och fläisseg weider geschafft, mee et steet nach eng Verännerung un, wat wéini.. gitt der och nach gewuer :-)

04/11/2017 - 10000 Visiteuren

10000 Visiteuren ,bis ob den 01 November, dei den Wee schon ob Gras.lu fonnt hun, oder sech verluer hun :-)

D'Woch iwwer rem bëssen ronderëm schéin fotograféieren gaangen, et war jo nach gutt Wieder an der Géigend, also war dat jo mol rem en Gronn rem eng Kéier mei weit ronderëm eisem Land lasszeleeë. Dei neisten Fotoen fannt der ënner Travel.

Vill Spaass :-)

28/10/2017 - nei Fotoen

Mol rem eng kéier op aneren platzen an der Stad ënnerwee. Fotoen kommen dann och deemnächst online ënnert Stad Lëtzebuerg.

 

an déi 10000 Visiteuren wäerten jo souguer nach am November geknackt ginn :-)

10/10/2017 - Update

Klengen neien Update gemaach vun der Homepage, an war rem bëssen mam Fotoapparat an eiser schéiner Stad ënnerwee.

An kennt den Counter nach dëst Joer ob iwwer 10000? Mir hoffen :-)

24/09/2017 Ausfluch

Flotten Ausfluch an Grotten gemaach . Ob sou engem nach waarmen wei haut an sonnegem Sonnden, huet en missen profitéieren. Fannt flott Fotoen aus den Grotten bei Travel Themen

21/09/2017 - Homepage kennt elo Online mat Blog.

3, 2, 1 an et as souwäit. Hoffen den neien Look gefält iech an dier erfreet iech um Blog.

Endlech nei Websäit - 17/09/2017

Dei nei Websäit vun gras.lu as elo online. nach net dran mee schon bal fäerdeg den Blog vun gras.lu. Nei Hp gebastelt an drun gebastelt an gebastelt an endlech as et sou weit.